top of page

Reform vum Jugendschutz: Wou steet de Gesetzesprojet 7994?

vor 6 Stunden
2 Min. Lesezeit

De Gesetzesprojet 7994 iwwer d'Hëllef, d'Ënnerstëtzung an de Schutz vu Mannerjäregen, jonken Erwuessenen a Famillje soll zwee al Gesetzer ersetzen: d'Gesetz vun 1992 iwwer de Jugendschutz an d'Gesetz vun 2008 iwwer d'Aide à l'enfance et à la famille. Et geet also ëm de Kader, an deem vill vun eis all Dag schaffen: Foyeren, ambulant Hëllefen, Hëllef fir Familljen an d'ONE.


Wat ass d'Zil?

De Schutz vu Kanner a Jugendlechen an d'Strofrecht solle kloer getrennt ginn. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet de Projet am Dezember 2025 an der zoustänneger Kommissioun vun der Chamber virgestallt (Bericht vun der Chamber). Et soll manner iwwer d'Geriicht lafen, Kanner a Jugendlecher solle méi matschwätzen, an d'Reegele fir d'Autorité parentale solle méi kloer ginn.


Wou steet de Projet?

De Projet läit zënter 2022 an der Chamber an ass nach ëmmer an der Kommissioun (Dossier 7994). De Staatsrot huet a sengem zweeten Avis complémentaire vum 17. Juli 2026 nees eng ganz Rei formell Oppositioune gemaach (Avis vum Staatsrot). Hie kritiséiert ënner anerem Onkloerheete bei der Autorité parentale. D'Regierung muss den Text also nach eng Kéier iwwerschaffen.


Wat soen d'Fachleit?

  • D'ances huet 2023, zu der éischter Versioun vum Text, déi nei Approche vun der Reform begréisst. Si huet awer kritiséiert, datt fir d'Qualitéit kee Personal, keng Zäit a kee Budget virgesinn ass, an datt d'Träger bei engem Placement kaum nach matschwätze kënnen (Prise de position vun der ances).

  • D'FEDAS bedauert an hirem Avis zum geännerten Text, datt et nach ëmmer kee richtegt Recht op Hëllef gëtt (Avis vun der FEDAS).

  • UNICEF Lëtzebuerg begréisst d'Reform, verlaangt awer, datt d'Verbuet vu Gewalt géint Kanner, dat haut am Gesetz vun 2008 steet, net verluer geet (Avis vun UNICEF).

  • D'Justiz (Cour d'appel, Parqueten a Geriichter) warnt an engem gemeinsamen Avis vum 30. September 2025, datt d'ONE ze vill Rollen op eemol kritt (Avis vun der Justiz).


Wat heescht dat fir eis?

D'Reform betrëfft eise Beruff direkt: wien iwwer e Placement entscheet, wéi d'Participatioun vun de Kanner am Alldag ausgesäit a wat fir Mëttele mir fir eng gutt Aarbecht kréien. D'APEG suivéiert den Dossier a mellt sech, wann den neien Text virläit.


Méi liesen

 
 
 

Kommentare


bottom of page