top of page

Game on – Educator's Day 2026: d'Spill als Léiermëttel

vor 7 Stunden
1 Min. Lesezeit

De 26. November 2026 ass vu 14 bis 19 Auer den Educator's Day an de Rotondes zu Bouneweg. D'Thema ass d'Spill als Léiermëttel, fir sozial an emotional Kompetenzen ze stäerken.

Et gëtt aacht Atelieren, vu Gesellschaftsspiller an der pädagogescher Aarbecht bis bei Videospiller. Et kann een en Atelier vun dräi Stonnen oder zwee Ateliere vu 75 Minutte maachen.

Den Dag riicht sech u pädagogescht Personal aus der non-formaler Bildung, aus de Schoulen an aus de Lycéeën, dat mat Kanner vu 6 bis 12 Joer oder mat Jugendleche vun 12 bis 18 Joer schafft. Organiséiert gëtt e vun der AQUEN, vum IFEN, vu Game On asbl a vun de Rotondes.


 
 
 

Kommentare


bottom of page