Reform vum Chèque-service accueil: En Afloss op eise Beruff?
De Gesetzesprojet 8686 iwwer d'Reform vum Chèque-service accueil läit zënter Januar an der Chamber a gëtt nach an der Kommissioun diskutéiert. Fir d'Eltere geet et virun allem ëm manner Käschten an ëm eng Plaz fir all Kand bis 2030.
Fir eise Beruff sinn zwee Punkten interessant. Am Projet vum Januar steet: 2029 soll en Erwuessenen nach fir véier Kanner vun 0 bis 2 Joer zoustänneg sinn amplaz fir sechs. An eng nei staatlech Agence, d'AQUEN, soll sech ëm d'Qualitéit an d'Formatioun vum Personal an der non-formaler Bildung këmmeren.
Dat heescht och: Et gëtt méi Personal gebraucht, dat gutt ausgebilt ass.
Méi Infoen um Site vum Ministère: https://men.public.lu/fr/actualites/communiques-conference-presse/2026/01/12-reforme-csa.html
De Stand an der Chamber: https://www.chd.lu/fr/dossier/8686





Kommentare