OKAJU: Recommandatioun iwwer d'Inclusioun vu Kanner mat engem Handicap
De 25. Mäerz 2026 huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) seng allgemeng Recommandatioun iwwer d'Inclusioun vu Kanner mat engem Handicap virgestallt.
Den OKAJU wëll, datt d'Prozedure méi einfach ginn, datt d'Servicer besser zesummeschaffen an datt d'Kanner bei den Decisioune matschwätzen. D'Inclusioun soll net bei der Schoul ophalen, mee och an der non-formaler Bildung an an der Fräizäit gëllen.
Den OKAJU fënnt ënnert anerem, datt d'Personal, dat d'Kanner encadréiert, net genuch iwwer d'Besoine vu Kanner mat engem Handicap forméiert ass.
D'Recommandatioun (op Franséisch): https://www.okaju.lu/wp-content/uploads/2026/03/Recommandation-Inclusion-v-finale-mars-2026.pdf





Kommentare