top of page

OKAJU-Rapport 2026: Méi Personal a besser Betreiungsschlësselen an de Maisons relais

vor 10 Minuten
2 Min. Lesezeit

De 16. November 2026 huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) säi Rapport 2026 an der Chamber virgestallt. Den Titel: „Dans la peau des enfants et des jeunes au Luxembourg“. Fir de Rapport huet den OKAJU 1.447 Kanner a Jonker gefrot, mat engem Sondage, an Atelieren an an Interviewen.


Wat eise Beruff betrëfft


D'Maisons relais si meeschtens voll. Op d'Rentrée 2026 stoungen zum Beispill zu Diddeleng 127 Kanner op enger Waardelëscht, zu Wolz 75 an zu Déifferdeng an zu Mäertert jeeweils 40. Verschidden Haiser fannen, datt de Betreiungsschlëssel net duergeet, virun allem wann an engem Grupp e puer komplex Situatiounen zesummekommen. D'Zuel vu Kanner mat spezifesche Besoine klëmmt, d'Personal awer net am selwechte Mooss. Renforten hëllefen, kommen awer dacks ze spéit a passen net ëmmer zum Besoin.


Den OKAJU recommandéiert dofir:


  • méi Plazen an de Maisons relais, fir d'Waardelëschten ze verkierzen

  • d'Betreiungsschlësselen unzepassen a méi Personal virzegesinn

  • méi spezialiséiert Formatiounen, déi méi no un der Praxis sinn

  • eng besser Koordinatioun tëscht allen Acteuren ronderëm d'Kand


Den Thema vum Joer: Adultismus


D'Haaptthema vum Rapport ass „Vaincre l'adultisme, l'infantisme et les violences dites éducatives ordinaires“. Et geet ëm d'Muecht vun Erwuessenen iwwer Kanner an ëm Gewalt, déi am Numm vun der Erzéiung als normal ugesi gëtt. Fir eis als Fachleit ass dat eng Fro, déi eis all Dag betrëfft.


D'APEG begréisst, datt den OKAJU d'Fuerderunge vum Terrain opgräift: E gudde Betreiungsschlëssel a genuch qualifizéiert Personal si kee Luxus, mee d'Viraussetzung, fir d'Rechter vun de Kanner am Alldag ëmzesetzen.


Méi liesen


 
 
 

Kommentare


bottom of page