Budget 2027: Méi Suen fir d'non-formal Bildung
De 24. November 2026 huet de Minister Claude Meisch der zoustänneger Kommissioun vun der Chamber de Budget 2027 vu sengem Ministère virgestallt. De Ministère ass och fir d'Kandheet an d'Jugend zoustänneg, also fir d'non-formal Bildung (Bericht vun der Chamber).
Déi wichtegst Zuelen
Am Ganze si fir 2027 5,195 Milliarden Euro virgesinn, d'Léin abegraff. Dat si 471 Milliounen Euro oder ronn 10 % méi wéi 2026.
Bei der non-formaler Bildung soll de Budget ëm méi wéi 18 % klammen. Dat kënnt vun der Reform vum Chèque-service accueil: D'Hëllef fir d'Famillen gëtt nei opgestallt, d'Tariffer vun de konventionéierten an den net konventionéierte Strukture ginn harmoniséiert, an de Schlëssel gëtt besser.
D'Reform eréischt den 1. Abrëll?
Bis elo sollt d'Reform den 1. Januar 2027 a Kraaft trieden. De Minister huet der Kommissioun proposéiert, dat op den 1. Abrëll 2027 ze verréckelen. Gestëmmt ass d'Gesetz nach net. Mir hunn eisen Artikel iwwer de Gesetzesprojet 8686 ugepasst.
Och de Jugendschutz kascht Suen
Am Budget vum Office national de l'enfance (ONE) sinn d'Ausgabe fir Experten an Etüde staark geklommen. Mat deene Suen soll dat neit Gesetz iwwer de Jugendschutz virbereet ginn, ënner anerem mat enger neier Software. Iwwer de Gesetzesprojet 7994 hu mir hei geschriwwen.
Wat heescht dat fir eis?
Méi Suen an e bessere Schlëssel si gutt Noriichten. Am Bericht vun der Chamber steet awer näischt doriwwer, wéi dat zousätzlecht Personal fonnt soll ginn. D'APEG suivéiert den Dossier.





Kommentare