Foire du Bénévolat social 2026 zu Neimënster
De 26. September 2026 ass vun 10 bis 16 Auer d'Foire du Bénévolat social an der Abtei Neimënster. Organiséiert gëtt se vum Familljeministère.
Am Ganze stelle sech 40 Associatioune vir a weisen, wou ee fräiwëlleg matschaffe kann. Mat dobäi ass och d'ances, de Lëtzebuerger Fachverband fir Sozial Aarbecht an Erzéiung.
Um Programm stinn och Presentatiounen, ënner anerem iwwer de Benevolat vu Leit mat engem Handicap an iwwer de Benevolat vu Senioren. D'Entrée ass gratis, eng Umeldung ass net néideg.





Kommentare