ances: Table ronde „Erzéien als Beruff“
Den 3. Mäerz 2026 huet d'ances, de Lëtzebuerger Fachverband fir Sozial Aarbecht an Erzéiung, op eng Table ronde iwwer d'Thema „Erzéien als Beruff“ agelueden. Ronn 70 Leit aus dem sozialen an edukative Beräich waren am CELO zu Hesper dobäi.
Geschwat gouf iwwer d'Ufuerderungen un de Beruff, déi ëmmer méi grouss ginn, iwwer déi verschidde Weeër an d'Ausbildung an iwwer d'Fro, wéi de Beruff méi Unerkennung a méi Visibilitéit kritt.
D'ances huet de selwechten Dag eng Nummer vun hirem arc-Bulletin zum Thema publizéiert.
Den arc-Bulletin: https://ances.lu/arc_0226/





Kommentare