De Rapprochement vu formaler an non-formaler Bildung (RTL)
- APEG News
- 21. Nov. 2024
- 1 Min. Lesezeit
Um RTL: D'Zesummenaarbecht vu Schoul a Maison relais gëtt ëmmer méi wichteg, mä wéi soll esou e Rapprochement ausgesinn a wéi realistesch ass eng global Ëmsetzung?
Viru ronn 20 Joer sinn zu Lëtzebuerg d’Maison relaisen agefouert ginn. Haut si se net méi aus dem System ewechzedenken: Ronn 70% vun den Eltere gräifen aktuell op dës Friembetreiung baussent de Schoulzäiten zréck. Ebe well se mëttlerweil esou verankert sinn, stellt sech ëmmer méi d’Fro, wéi d’Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen a Maison relaise soll ausgesinn. Zil vum Ministère ass e Rapprochement, mä wéi genee soll deen ausgesinn? A wéi soll ee sech vun de bestoende Ganzdagsschoulen ënnerscheeden?
