Home Aktuell 2010
Weltkongress vun de « Social Educators » vum 28.5. bis den 31.5.2013 zu Lëtzebuerg

Betrëfft : Weltkongress vun de « Social Educators » vum 28.5. bis de 31.5.2013 zu Lëtzebuerg

Léif Memberë vun der APEG,

Wéi mer et an der Generalversammlung schons ugekënnegt haten, wäert den nächste Weltkongress vun de Sozialpädagogen am Joer 2013 zu Lëtzebuerg iwer d’Bühn goen. Am Hierscht hate mer e Projet un de Weltverband AIEJI eraginn, deen als offiziell Kandidatur fir des fantastesch Manifestatioun schlussendlech zréckbehal gouf. Dëse Kongress, un deem iwer 600 Professionneller weltwäit wäerten deelhuelen, wäert eng eemoleg Geleegenheet ginn, fir während enger Woch an engem flotten, internationale Kader, sech kennen ze léieren, sech auszetauschen a wichteg Kontakter ze knäppen.

Vu que datt mer mat eisem groussen Thema vum Kongress « Interegratioun, Migratioun a sozial Inclusioun » sämtlech Arbechtsfelder vun der sozialpädagogescher Arbecht ofdecken, sinn d‘Conditioune fir eng flott Organisatioun vun dësem Mega-Event erfëllt. Mat Konferenzen, Workshops, Präsentatiounen, Visiten, Ausstellungen a ganz villen aneren Aktivitéiten wärte mer eng Kongress-Woch op d’Been stellen, déi onvergiesslech wäert bleiwen an hoffentlech eis an eisem Secteur e groussen Opdriw wäert ginn.

Wann dir un der Gestaltung vum „AIEJI World Congress 2013 in Luxembourg“ wëllt matwierken, da schreiwt mer eng Email u Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann. mam Numm a mat äeren Donnéeën. Dir gitt dann  an denen nächste Wochen a Méint permanent um Laafende gehal, wat d’Organisatioun ugeet. Am Hierscht 2010 wäert et dann zu enger éischter Informatiounsversammlung kommen, wou sämtlech potentiell Acteuren wäerten zesummekommen.

Fir iech e Bild vu sou engem riisegen Event ze maachen, da gitt op de Site vum leschte Weltkongress 2009 zu Kopenhagen. www.aieji2009.dk

Mat beschte Gréiss,

Marc Pletsch, Präsident



APEG as host in 2013

The Luxembourg assosication of social educators, APEG, are hosting the AIEJI World Congress in 2013. So on 19 February 2010 Benny Andersen, president of AIEJI, went to meet Marc Pletsch and Paul Bressler, accordingly president and secretary of APEG, to have an initial meeting about congress and party venues, the theme of the congress, potential partnerships, communication, organisation and preperations, challenges and possibilities.

Luxembourg
Luxembourg is a small but very beautiful country located at the heart of Europe bordering on Germany, France and Belgium They have their own language: Luxembourgish. There are many great locations as well as accommodaton possibilities and Luxembourg city has many interesting historic sites.

.....