Home Aktuell 2009
Maisons relais: Awer net esou gutt a perfekt wéi geduecht?

D'APEG, d'Associatioun vun den Educateurs Gradués, mécht sech Suergen ëm d'Kannerbetreiung a geheit eng ganz Partie Froen op, wat d'Qualitéit vun den Maisons Relais ugeet. Duerzou ee Commentaire vum Francine Closener.

Wat si mer dach ee glécklecht Vollek: Déi bescht vun alle Regierunge suergt net nëmmen derfir, datt mer iwwerall am Land Maisons Relaisen hunn, mee dank de Chèques Services kann och nach jiddereen sech et leeschten, seng Kanner dohin ze schécken. Wéi wonnerbar: Endlech kënnen all d'Mamme schaffe goen, endlech gi Famill a Beruff optimal kombinéiert, endlech huet d'CSV eng modern Familien- a Fraepolitik ëmgesat.

Ween dat alles gleeft, ass selwer schold. D'Réalitéit gesäit nämlech anescht aus, an d'APEG beschreift se richteg: Vill Maisons Relais ware scho virun der Aféierung vun de Chèques Services un hire Limitten, elo si se definitiv iwwerfëllt. Et gëtt net genuch Plaz, et kommen ze vill Kanner, d'Gruppe ginn ze grouss, et feelt u Personal. D'Resultat läit op der Hand: D'Qualitéit bleift op der Streck, Kanner a Betreier si gestresst, fir iergendwellech gutt gemengte pädagogesch Konzepter bleift null Sput, de Kaméidi ass dacks onwahrscheinlech, alles jäitzt a leeft hott an har - an d'Schoulpersonal rëselt méi oder manner oppen de Kapp: Mat de Kanner, déi mëttes um 2 komplett opgedréit aus der Maison Relais zréck an d'Klass kommen, ass wuel net méi vill unzefänken.

An dat soll de Wee zum Gléck sinn, zu enger besserer Betreiung vun de Kanner? Wuelverstaan: Natierlech féiert guer kee Wee laangscht Betreiungsstrukturen. All Mamm muss d'Méiglechkeet hunn, fir kënne schaffen ze goen, doru besteet keen Zweifel. De Mythos vun der zefriddener Hausfra, déi ganz am Bespillen a Bekache vu Kanner an "Herr und Gebieter" opgeet, dee Mythos huet ee gaanz laange Männerbaart.

An deem Sënn war et natierlech iwwerfälleg, endlech déi néideg Strukturen ze schaafen - kitt datt Ganzdagsschoulen eng Alternativ zu de Maison Relais gewierscht wieren.

Mee sou oder sou wëllen d'Elteren d'Gewëssheet hunn, datt et dem Kand gutt geet - an dat heescht eben net nëmmen, datt him kierperlech näischt feelt. Ee Kand ass kee Mantel, deen een einfach an der Garderob ofgëtt, op deen opgepasst gëtt an dee soss absolut keng Besoinen huet. Déi Besoine riskéieren am ablackleche System awer ëmmer méi ze kuerz ze kommen. Wéi d'Maisons Relais, ouni genuch qualifizéiert Personal, dann och nach de Garant vu méi Chancegläichheet solle ginn an d'Kanner aus sozial schwaache Milieue solle förderen, dat géif ech mol gär gesinn. Vill méi besteet de Risiko vu soziale Ghettoen, wann ëmmer méi Elteren, déi sech et kënne leeschten, fir op d'Chèques Services ze fleeten, hir Kanner léiwer vu Bomi, Nanny oder Dagesmamm betreie loossen, fir datt si ouni schlecht Gewësse kënne schaffen goen - iwwregens gëtt et och Politiker, déi genee dat man.

An dat Ganzt nennt sech da soziale Fortschrëtt à la luxembourgeoise.

 

Site web:  hei klicken